Changer d'édition

De Nobau vun der Uelegmillen gouf wonnerbar erfëllt


Bieckerech: De Schëfferot vun der Gemeng Bieckerech hat decidéiert fir de Millesteen mat der Rum op der Kiercheplatz, nei hierzeriichten an och opzewäerten. An deem Kontext, guef en Opruff un all Kënschtler oder Läit mat handwierkechem Geschéck gemeet, fir un engem Iddi’s Concours ze participéieren. Déi bëschten Iddi déi duefir och festgehale gouf, ass mat 500 Beki honoréiert gin. Prompt haten sech d’Millepätteren aus der Gemeng- eng ronn 12 Pensionären mat handwierklichen Eegeschaften- sech bereet erklärt fir dese Projeet an Ugrëff ze huelen. Am Kader vun der offizieller Aweihungsfeier huet de Buergermeeschter Thierry Lagody sech ganz impressionnéiert gewissen vun dem Projeet den wéi eng Fauscht op d’Aan als Deel vun der Geschicht vum Duerf Bieckerech passt, wëll nit wäit vun der Plaatz eng Uelegmille stong an och esou wi se elo héi originalgetrei nogebaut gouf. Dess Plaatz ass och ideal well se de Startpunkt vun engem Autopedester ass. Di nei zukünftigt LD- Luuchten am Daach , wärten dest schéint Undenken och an der Nuecht voll a ganz zur Geltung brëngen. No senge waarme Wieder vu Merci un all Bedeelegter vun deser impressionanter Realisatioun ass de Nicolas Schweicher am Numm vun de Millepätteren e bëssen op d’Geschicht vun der Uelegmillen agaang. Zënter Joerhonnerten sin Uelegmillen bekannt an di héi zu Bieckerech gouf vum Paschtour Kuborn, den vun 1679 bis 1716 zu Bieckerich gewierkt huet an eng 300 Meter ewech am Zärepesch, donidden am Wissegronn opgeriicht. Engt Waasserrad huet d’Energie geliwert fir de Steen am Trach rondrëm ze dréinen, ënnert dem Planzen an ueleghaltig Friichten déi zu Bréi gequetscht goufen. De Bréi ass dann gewiermt gin an den Ueleg aus ausgepresst gin. Dest Monument, esou de Nicolas Schweicher ofschléissend, huet nämlich och eng aaner grouss Iddi, nämlich och an eiser Gesellschaft esou Werter nach eng Roll spillen wéI Benevolat, Initiativgeescht, Begeeschterung, gesonde Mënscheverstand, sich Zäit huelen an zesummen ze schaffen, ouni dat direkt finanziell Interesse am Spiel sin. Duefir och e ganze grousse Merci un d’Millepätteren an der Gemeng déi zur Realisatioun vun desem schéine Projeet zougedroen hun. Als Ofschloss vun deser Feier huet d’Gemeng de Millepätteren als eenzeg Gewënner vum Iddi’s Concours e Scheck iwert 500 Beki iwerreecht den si dunn un Télévie weitergeleet hun. E klenge Kado vum Buergermeeschter Lagoda dat war de Merci un d’Millepätteren fir hier excellent Arbecht beim Nobau vun der Uelegmillen den och domadder wonnerbar erfëllt gouf. (CR)(FOTO: CHAREL REISER)