Changer d'édition

Theater am Schweecherdaul

22
nov.
2019
22 nov. 23 nov.

D’Theaterequipe vun der Schweecherdauler Musik invitéiert op hir Theatervirstellungen. Gespillt gëtt den 22. an 23. November zu Ielwen/Biekerech am Centre Culturel. De Rido geet op um 20h15. Dass eng Wellnessvakanz am Hotel net ëmmer ganz erhuelsam ass, kannt dir am Schweecherdaul erliewen wann et heescht: Grouss Kiewercher, Grouss Problemer. Dëst ass e lëschtegen Dräiakter vum Matt Sommer, iwersat vum Frank Kuffer. Ënnert der Regie vum Ben Birkel spillen: Martine Krier, Martine Kellen, Marie-Marthe Risch, Annick Fassbinder, Ben Birkel, Guy Wagner, Philippe Kraus a Louis Seyler. Umelldungen ginn um Telefon 691 47 93 17 oder op musik.schweecherdaul@gmail.com entgéint geholl.