Changer d'édition

Nuetswanderung zu Biekerech -mam René Roben (guide ORT)

31
juil.
2020
31 juil.

Op dëser Visite kritt Dir Informatiounen iwwert d‘Gemeng an d‘Uertschaft Biekerech, iert mir eis op de Wee, laanscht déi zweet Millen, bei d’Kiirch maachen.


De Kräizwee, mat Geschicht a Geschichten, féiert eis bei d’Kapell um Kuelebierg.

Zréck bei der Millen erzielen ech Iech d’Geschicht vun dëser Platz fir ëm Mëtternuecht mat enger gudder Bouneschlupp (5€) ofzeschléissen.


Vergiesst är Täschelucht net !


D’Erzielunge sinn a Lëtzebuerger Sprooch.


Den Entrée ass fräi !


Treffpunkt :       um Parking vun der Seeërei bei der Millen
                              103, Huewelerstrooss L-8521 Biekerech


Mat Umellung bis den 24/07 : Tel. +352 691 510 371 // info@dmillen.lu