Changer d'édition

AMU & Arts : Art meets Solidarity !

29
oct.
2021
29 oct. 30 oct. 31 oct.

AMU & Arts : Art meets Solidarity !


D’ONG “Action pour un Monde Uni" (AMU) invitéiert häerzlech op eng flott Foto a Konschtausstellung « nature au carré »  vum 29. bis 31. Oktober zu Biekerech an der Millen. Impressionant Fotoe vum Marc Steichen a kreativ Skulpture vum Marc De Winter kënnt Dir bewonneren a fir de gudden Zweck kafe kommen. Ausserdeem weisen d’Marianne an de Claude Metz-Harpes Samschdes owes e flotte Film zu hirer Südamerikarees an der Visitt vun diverse Projete vun der ONG am Summer 2019.


29.10.21 / 19 - 21 h : Vernissage
30.10.21 / 10 - 18 h : Exposition
30.10.21 / 19 - 21 h : "Argentinien-Bolivien-Peru" 
Solidareschen Tourismus / Filmvirtrag mam Marianne a Claude Metz-Harpes*
31.10.21 / 10 - 17 h : Exposition


(*mat Umeldung iwwer office@amu.lu


Mam Erléis vun dëser Ausstellung gi Projete vun der ONG a Südamerika ënnerstëtzt. De Projet a Brasilien bitt Familljen am Staat Pernambuco eng Ausbildung an der ökologescher Landwirtschaft un, als Alternativ zur Agro-Industrie déi hei dominant ass. An Argentinien ass d’Zil vum Projet eng Professionaliséierung a Stäerkung vu lokalen ONGen.