Changer d'édition

Première-Schüler aus dem LJBM am Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment

nor

Den Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB) bitt all Joer dausende Baufach-Schüler souwéi Stagièren op méi wéi 5000 qm eng Plattform, fir sech weiderzebilden a mat der Ënnerstëtzung vu Formateuren theoretesch Kenntnisser an d’Praxis ëmzesetzen. Ufank Mäerz war d’Klass 1TPGC2 aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) a Begleedung vun hirem Regent op Visitt vum IFSB zu Beetebuerg.

No enger kuerzer Begréissung vum Formateur Christophe Mélon an engem theoreteschen Input iwwer d’Prinzippie vum Passivhaus ass et un de prakteschen Deel gaang. D’Klass hat d‘Méiglechkeet, an engem Projekthaus vum Institut eng Dampfsperr un en Daach unzebréngen a Fënstere loftdicht anzebauen. Uschléissend duerften si hir Aarbecht mat engem sougenannte Blower-Door-Test iwwerpréiwen.

Am Nomëtteg ass de Site visitéiert ginn, wou d’Formateuren de Schüler weider Funktiounen vun de Passivhaiser u praktesche Beispiller méi no bruecht hunn an am Gebai vum Neobuild op den Développement durable agaange sinn.