Changer d'édition

#MAKEMYLASTWİSHCOMMETRUE

Deser Déeg war et erem souweit, nodeem e puer Wënsch leider net hun können erfëllt gin ,well den Gaascht et kiirperlech net mei gepackt huet oder aaner traureg Ursaachen, hun eis Wonscherfëller Magalie an Jean-Marie haut d'Valise gepaak an sin op Mannheim fir folgenen Wonschngefuer.

Mir hun engem 50 Jähregen Famillienpapp deem sein wonsch et nach eemol as mat senger Fra op ee Concert ze fueren erfellt, an Koppel bei hir gemeinsam Lieblingsband gefuer.

D'Wonschkutsch huet den Transport organiseiert, d'Iwernuechtung an engem Barrierefreien Hotel an d'Organisation sur Place mat enger klenger iwerraschung fir eis Gäscht.

Eis Kutscher an eis Gäscht sin vum Jochen Mayer emfangen gin , Eventmanager am Ms connexion Komplex. Do goung et direkt an d'Logen fir en Meet an Greet mat den Museker vun End of Green

Dono gouf den Cortège begleed firun d'Bühn wou eis Freiwëlleg dei ganzen Zeit bei der Koppel bliwen sin an fir e gudd Encadrement gesuergt hun.

Dei ganzen Zeiten sin eis Kolleegen vum Wünschewagen Hessen am Standby gewiescht.

Och dei ganz Betreier an der MS Connexion Halle sin immens leif an disponibel gewiescht.

No der Iwernuechtung an nom Brunch am Hotel as et erem Heem gaang.

Merci och un den Onkologue deen et meiglech gemach huet an deems Sie am fiiraus Medikamenter firgesin huet dei den Gaascht selwer kann anhuelen falls hie Schmerzen hat.

#MAKEMYLASTWİSHCOMMETRUE
www.wonschkutsch.lu