Changer d'édition

Nei Oploo vum Buch "Jangeli" vum Jean-Paul Meyer

Nodeems d'Buch "Jangeli" iwert d'Schmuelspurbunn vun der Stadt op Réimech vum Auteur Jean-Paul Meyer am Joer 2014 erauskoum, war et ganz immens schnell vergraff. Bestänneg hun Lait nogefroot, wou se nach kéinten en Exemplar vun dem interessanten an flotten Buch kréien. Well d'Nofroo esou grouss war, huet den Editeur ganz rezent eng Rééditioun vum Buch an enger klenger Oploo nogedréckt an et ass elo an all guddsortéiertem Bicherbuttek ze kaafen. Am Verglach zur éischter Editioun sin eng halef Dozen zousätzlech Fotoen opgehol gin. Um Text gouf iewer naischt changéiert. Hei nach eng Kuerzbeschreiwung vun dem liewegen Wierk.

Enn vum 19. Jorhonnert war et fier d'Kantonshaapstadt Réimech an d'Kurstiedchen Mondorf aus wirtschaftlechen Grönn lieweswichteg fier un dat nationalt Eisebunnsnetz ugeschloss ze gin. Dest sollt 1882 mat dem Bau vun der Schmuelspuerstreck vun der Stadt iwer Hesper, Mondorf op Réimech mat schwäizer Kapital an Erföllung goen.

De "Jangeli", wéi en am Volleksmond genannt gouf, huet dem Kanton Réimech den erhofften Opschwong vum Handwierk an dem Handel bruecht an d'Liewen vun den Awunner entscheedend geprägt.

Kaum e Kapitel vun der Lëtzebuerger Eisebunnsgeschicht ass esou spannend an facettenreich verlaaf ewéi d'Geschicht vum "Réimecher-Jangeli“.

D'Buch dokumentéiert vum Bau vun der Streck un chronologesch bis an d'50er Joren d'Liewen vun deser klenger Bimmelbunn an iwermëttelt glaichzeiteg dem Lieser en nostalgescht Gefill vun déier dach flotter Zait.

Déi spannend Texter gin mat faszinéiernden an stëmmungsvollen, deelwais groussformategen Fotoen an historeschem Kaartenmaterial illustréiert. D'Buch wendt sech glaichermoossen un technikbegeeschtert Lait, Eisebunns- an Geschichtsfrënn an net zu Lescht un Frënn vun onser Musel an hierer Emgéigend.