Changer d'édition

Concours „Schéin Dierfer“ an der Gemeng Fréiseng

Uespelt. All Joer organiséiert de Gard an Heem vun Uespelt mat der Ënnerstëtzung a fir d‘Gemeng Fréiseng de Concours „Schéin Dierfer“ fir déi dréi Dierfer aus der Gemeng. Aus all Duerf ginn jeeweils déi Haiser mat deenen 6 schéinsten Gäert oder Virgäert präméiert. Déi éischt Placéiert kréien 100 Euro, déi Zweet 80 Euro, déi Drëtt 60 Euro, déi Véiert 50 Euro, déi Fënneft 40 Euro am déi Sechst 20 Euro.

D’Gäert goufen no engem Punktesystem vun dréi Juroren, déi net aus der Gemeng sinn, präméiert. Bewäert gëtt no den Hausnummeren. Virun kuerzem hatt d’Sektioun zur Präisiwerreechung an d’Uespelter Schlass agelueden. Souwouhl de Sektiounspresident Aly Schiltz, ewéi och de Buergermeeschter Roger Beissel hunn de Laureaten Merci gesot fir hiren Asaz zur Duerfverschéinerung. Déi läscht 2 Joer waren schwéier Joer, so de Buergermeeschter. Datt läscht Joer war ze naass, datt Joer virdrun ze dréchen an ze warm.

Zu Uespelt goufen präméiert: Liliane Raus, Maria Feltes, Famill Lucien Fritz-Kieffer, Famill Nedzad Mudjkanovic-Ceric, Helga Menné an Jos Franck; zu Fréiseng: Madamm Strasser-Ruckert, Famill Dumont-Michel, Famill Pelzer-Hemmen, Madamm Meyer-Ury, Famill Wagener-Aulner an d'Famill Buck-Thoma; zu Helleng: Famill Paul Einsweiler, Famill Tun Beaumont, Famill Hourscht-Wengler, Andrée Di Felice-Spanier, Famill Adolphe Schammo an Hendrik Wulms. Pierre Mousel via mywort