Change Edition

Kräiz fir Massendénger

De Bernard Lang (Kënschtler vun der grousser Tarcisiusstatue) huet ee Kräiz fir Massendénger entworf. Um Kräiz gesäit een den hellegen Tarcisius duergestallt, ähnlech wéi déi grouss Statue.
D’Kräiz kann an eng Kordel gemaach ginn (wéi eben hei um Bild) mee et kann een et och ophänken. Hannendrop kann een och eppes aggravéiere loossen – d’Kräiz huet nämlech eng flaach Récksäit.

Dës Kräizer (ouni Kordel) kennt Dir bäi eis an der Zentral vun de "Lëtzebuerger Massendénger" fir 12 € d’Stéck kafen.

Dimensioune vum Kräiz:
Héicht: 6,9 cmBreet: 6,5 cm
Déift: 0,6 cmGewiicht: 90 gr

Material: Koffer (patinéiert)

De Büro vun de Lëtzebuerger Massendénger ass an der Stad am Centre Convict op 5, avenue Marie-Thérèse. Tel: 44 743 243
Mir sinn op: Dënschdes: 14.30-17.00
Mëttwochs a Freides vun 9.00-11.30


www.massendenger.cathol.lu
massendenger@hotmail.com