Change Edition

E Souvenir fir d'Hochzäit - De Comité Alstad gëtt en Teller eraus

Als Souvenir fir d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy, bitt de Comité Alstad e schéinen Teller un aus der Serie „New wave“ vu Villeroy & Boch, mat dem Motiv vum groussherzogleche Palais.

Gezeechent gouf dëst Bild vum Lëtzebuerger Kënschtler a Member vum Comité Alstad, dem Sergio Di Paoli. Dem nummeréierten Teller (1-200, 330 x 240 mm), deen an engem schéinen Emballage geliwwert gëtt, läit en Zertifikat bäi, ënnerschriwwe vum Artist a vum President vum Comité Alstad.

Den Nettoerléis vun dësem Teller, deen an enger begrenzter Oplo vun 200 Stéck erauskënnt, ass fir d'Fondatioun Kräizbierg, där hiren Éierepresident den Ierfgroussherzog Guillaume ass.

Bestelle kann een den Teller beim Comité Alstad bis de 5. Oktober duerch Iwwerweise vu 55 Euro pro Stéck op ee vun de Konte vun der Associatioun: BCEE LU64 0019 1755 0897 0000, CCPL LU02 1111 0080 8736 0000, BGL-BNP Paribas LU19 0030 7564 6694 0000 (mam Vermierk „Palais 2012“).

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelten Teller vum 15. bis den 19. Oktober am Büro vum Comité Alstad op Nummer 1 an der Logegaass (zweete Stack) um Fëschmaart. De Büro ass all Dag op vun 9 bis 13 Auer. Weider Informatioune ginn et um Tel. 46 61 88. (C.)