Change Edition

Treffen fir Massendéngerresponsabel

06
Jun
2019
06 Jun 18 Jun 19 Jun 02 Jul 04 Jul

Wéi schonn Ufanks vum Joer ugekënnegt luede mir all Massendéngerresponsabel, déi mindestens 16 Joer al sinn, häerzlech op eis Begéignungsowender an den Dekanater. Deen Owend ass ganz sécher vun der Ekipp Lëtzebuerger Massendénger niewen der Directrice oder/an dem Här Nationalaumônier dee jeeweilegen Dekanats-responsabelen dobäi. Esou kenne mir eis iwwer d‘Massendéngerarbecht am Dekanat an och um diözesane Plang an enger gemittlecher Atmosphär bei engem Pättchen austauschen an Iech op Wënsch/Ureegungen nolauschteren.

Hei déi eenzel Treffen – flott wier et wann Dir Iech och fir Är Dekanat umelle géift. Kennt Dir awer net bäi Äerem Dekanat dobäi sinn, dierft Dir Iech och gären fir een anert Dekanatstreffen uschléissen.


Dekanat Lëtzebuerg: Donneschdeg, 06. Juni 2019
ëm 19.30 Auer an der Zentral vun de Lëtzebuerger Massendénger
(Centre Convict – Bloc A 2.Stack; 5, av. Marie-Thérèse, L-2132 Lëtzebuerg)


Dekanat Norden:
Dënschdeg, 18. Juni 2019 ëm 19.30 Auer
am Sebastiani-Home zu Nidderwolz (2, rue du camping, L-9554 Wiltz)


Dekanat Osten:
Mëttwoch, 19. Juni 2019 ëm 20.00 Auer am Kaplounshaus zu Maacher (4, rte de Luxembourg; L-6750 Grevenmacher)


Süd-Dekanater:
Donneschdeg, 04. Juli 2019 ëm 19.00 Auer zu Esch am Parsall
(19, rue de l‘église L-5106 Esch/Alzette)


Dekanat Zentrum:
Dënschdeg, 02. Juli 2019 ëm 19.30 Auer am Parsall zu Lëntgen
(19, rue du cimetière L-7444 Lintgen)

Fir genee kënnen ze plangen, ass et äis wichteg ze wëssen, zu wéi vill mir déi eenzel Owender sinn. Mellt iech dofir w.e.gl. un an der Massendéngerzentral, bis spéitstens den 02. Juni 20019 un.


https://cathol.lu/massendenger

massendenger@cathol.lu