Change Edition

MZF vum CIS Wormer offiziell ageweiht.

Am Kader vun der Porte Ouverte vun de Wormer Pompjeeën op Christihimmelfahrt zu Éinen ass deen nauen Pompjeeswonn MZF2 offiziell agewiehen ginn an dat a Präsenz vum Här Borgermeeschter Max Hengel, dem Schäffen Mathis Ast an de Gemeenerotsmemberen Martine Kohll, Claude Pundel, Armand Becker a Marc Beckius deen gläichzäiteg och Kompagniechef ass, dem Ortsbürgermeister vun Wincheringen den Elmar Schömann , dem Här Paschtouer Alain Steffen an dem Regionalpräsident aus dem Osten Constant Schwartz souwéi de fréieren Borgermeeschter Jean Beining. D‘Wormer Pompjeeën haaten sech niewend deem nauen Gefier, daat mat eener rout-wäiss-bloer Banderol iwwert dem Capot schéin gerescht woar, opgestallt. Den Här Borgermeeschter Max Hengel huet am Numm vun der Gemeen Wormer d‘Leit begréisst an de Pompjeeën e groussen Merci ausgeschwat fir hiren Asaz am Dèngscht vun alle Bierger. Den First Responder wär fir Gemeen Wormer an hir Awunner een wonnerbar Saach a géif goud funktionéieren. De aalen Gerätwon GW1, un deem ëmmer ërëm Reparaturen woaren, ass och sou lues an den Alter komm. Doropshin huet d’Gemeen décidéiert de Pompjeeën disen Wôn dorch den MZF2 ze ersetzen. Den Erny Schumacher an säiner Eegenschaft als Zenterchef vum CIS Wormer huet den Invité’en deen nauen Wôn virgestallt an der Gemeen villmols Merci gesot fir hier Ennerstëtzung. Et wäer dëst e Wôn , deen nët nëmmen bei schwéieren Accidenter, Katastrophen oder Iwerschwemmungen an den Asaz géif kommen, e Gefier wat op der Musel gebraucht géif ginn, esou den Erny Schumacher. Desweideren huet hien e warmen Opruff gemaach sech an de Pompjeeën ze engagéieren an esou matzehëllefen, dass d‘Pompjeeën vun Wormer weider kënnen hir Asäz garantéieren. Den Här Paschtouer Alain Steffen vun Wormer huet deen nauen Wôn geseent an duerno huet de Borgermeeschter Max Hengel dem Zenterchef Erny Schumacher offiziell den Schlëssel vum nauen Gefier iwerreecht an d‘Gemeen Wormer huet äinen Invité’en den Éierewäin offréiert.