Change Edition

Fréijoersconcert vum Wormer Chouer

E Samschdeg, de 24. Mee 2014, presentéiert de Gesangveräin vu Wuermer, ënner der Leedung vum Ivan Boumans a begleed um Piano vum Luc Rollinger, de Sänger a Sängerinnen hir Lieblingslidder ënner dem Motto "Our Favourites". Wetten, datt Lidder dobäisinn, wou Dir am Léifste géift matsangen!
Loosst Iech dee flotten Owend net lanscht d'Nues goen, a kommt um 20.00 Auer an de Centre Culturel!
Fir Iessen an Drénken ass beschens gesuert; an der Paus gëtt eng Tombola verspillt.
Den Entrée kascht 8 € (10 € an der Oweskeess).