Change Edition

d'Fanfare Kiischpelt feiert 50. Gebuertsdag

De Musiksveräin d'Fanfare Kiischpelt feiert duerch dëst ganz Joer hiert gëllen Jubiläum, a kënnen op fënnef Joerzengte erfollëgräich Arbecht zréck kucken. Zu dësem Ulass hunn sëch d'Musikveräiner aus den Noppechgemengen vun Woltz, Bauschelt, Clierf, Ëlwen, Hëpperdang, Hengescht, wéi d'Gemengemusik Munzen, um Musiksfest zu Wëlwerwoltz afonnt, fir mat der Fanfare Kiischpelt dësen ronnen Gebuertsdag ze feieren. Mat musikalische Kläng sinn déi verschidden Musiksgruppen vun der Wëlwerwoltzer Grondschoul aus lanscht Éirentribün bis an den Centre Culturel marschéiert. Uschléissend ass een an de Rieden op een kuerze Réckbléck an d'Geschicht mat der Grënnung an op verschidden eenzel Héichpunkten agang. Duerno gouf mat engem gemittleche Zesummesinn weider gefeiert, an och fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt.


Nodeems an de Joeren1966/67 e Grupp vu jonke Leit ënnert der Leedung vum Misch Ahles mat Piano, Harmonika a Melodikae musizéiert huet, war den 1.Januar 1968 d'Grënnungsversammlung vun der heideger Fanfare Kiischpelt am Café Felten zu Pënsch.

Den éischte Comité huet aus folgende Leit bestanen:

- Jean-Pierre Hoffmann, President

- Fritz Felten Vizepresident
- Emile Schmitz Sekretär

- Jean-Pierre Bergem Keessjee

- Fritz Thielen

-Joseph Reitz

- Felix Seiler


De Misch Ahles ass dunn och den éischte Dirigent vun der Fanfare ginn, an hien hat deemols 25 Musikanten um Pult.

Hinnen alleguer een déiwe Respekt an e grousse Merci, well ouni hire Courage an hirt Engagement géife mer haut net zesumme feieren.

An de fréien 1970er Joren huet de jonke Veräin dunn awer scho mat de Folge vun der << Landflucht>> ze di kritt, an den deemolegen Dirigent Jos Grobelny huet all Méi gehat, d'Fanfare mat nëmmen 10 aktive Musikanten um Liewen ze halen.

An den 1980er Joren ass et dunn awer nees biergop gaang an 1988 konnt den 20. Jubiläum mat grousse Feierlechkeeten begaange ginn.

Bei dëser Geleenheet krut d'Fanfare hiren éischte Fiändel, dee mir och haut nach houfreg un eiser Spëtzt droen.

D'1990er Joren hu souwuel op musikalischen wéi op personellem Plang eng iwweraus positiv Entwécklung kannt, dat net zu Läscht duerch d'Museksschoul vu Clierf.

Zanter dem Joer 2000 befënnt sech de Prouwesall am Centre Communal, a vun dem Joer u kënnen och d'Galaconcerten am Festsall ofgehaale ginn.

Am Joer 2008 konnt d'Fanfare Kiischpelt hire 40.Anniversaire feieren. De Gala-Concert vun dem Joer war eng musikalesch Rees duerch 4 Joerzingten.

Fir de 40. Gebuertsdag war eng <<Marche Gourmande>> organiséiert ginn. Et sollt eigentlech eng eemoleg Saach sinn, mee duerch de grousse Succès ass et net do derbäi bliwwen, an och dëst Joer konnt well déi 11. Editioun ofgehaalen ginn.

Virun dräi Joer konnte mer mam fréieren Turnsall méi e grousse Prouwesall a Beschlag huelen.

Déi haapt Aktivitéite vun der Fanfare Kiischpelt ueschter d'Joer sinn de Galaconcert, den Träipendag, d'Marche Gourmande, d'Hämmelsmärsch an de verschiddenen Dierfer vun der Gemeng, an dat musikalescht Verschéinere vun de weltlechen a kierchleche Fester.

D'Nimm vun den neng Presidenten an acht Dirigenten déi d'Fanfare Kiischpelt an de vergaangene 50 Joer geleet hunn.


D'Presidente waren


1968-1969 Jean-Pierre HOFFMANN

1969-1971 Jos NICOLAS

1971-1973 Mett SACHSEN

1973-1990 Fritz FELTEN

1990-2000 Nic MEIERS

2000-2001 Astrid HENGESCH

2001-2013 Marcel BERNABEI

2013-2015 Marc ALLARD

2015- André Sassel


an Dirigenten


1967-1972 Misch AHLES

1972-1981 JOS GROBELNY

1981-1982 Jos CANNIVY

1982-1994 Marcel ARENDT

1994-2000 Jean-Noël GREGOIRE

2000- 2002 Pavel NAKHIMOVITCH

2002-2008 Domminique GOFFINET

2008- Pierre SCHYNS