Change Edition

Weltbluttspenderdag

Freides, den 14. Juni war de Weltbluttspenderdag, deen dëst Joer ënnert dem Motto "Du sang sécurisé pour tous" stoung. Op dësem Dag stinn déi aktiv Bluttspender, eis dagdäglech Helden, am Mëttelpunkt stoen, well si spillen eng virbildlech Roll an eiser Gesellschaft. Duerch hiert fräiwëllegt Engagement kann mat Blutttransfusioune Liewe gerett an de Gesondheetszoustand vun Millioune Patiente verbessert ginn.


An dësem Kontext huet d’Bluttspenderassociatioun vun Wooltz, Clierf an Ëmgéigend, de VIVO, de Maskottchen vun den Lëtzebuerger Bluttspender, aus PET Fläschen zesummegebastelt symbolesch fir déi vill fräiwëlleg Bluttspender, déi zesummen als Ganzes een positiven an nohaltegen Bäitrag zum Wuel vun eiser Gesellschaft leeschten.