Change Edition

Renée Koppes a Monique Hommel soen der Schoul "Äddi"

Um Enn vum Schouljoer hunn och 2 Jofferen der Schoul "Äddi" gesot. D'Renée Koppes, gebuer Schumacher, huet seng éischt Joren am Minett geschafft. Nom Bestiednis mam Pierre Koppes, ass d'Renée an den Norde geplënnert, wou hatt an der Primärschoul zu Woltz eng Plaz krut. No ville Joren am Ënnergrad, huet d'Renée di lescht Joren am Cycle 4 enseignéiert an domat ville Kanner de Wee an de Lycée preparéiert. A senger Pensioun wäert d'Renée besser Zäit kréie fir senger Passioun, der Molerei nozegoen. Och steet di eng oder aner grouss Reess an den nächste Joren um Renée senger "to do"-Lëscht.

D'Monique Hommel huet als "Chargée" a verschiddene Schoule geschafft. Sou zum Beispill zu Groussbous, Kietscht, Heischent a Woltz. Säi lescht Schouljoer huet d'Monqiue am C3 an der Reenertschoul zu Woltz geschafft.

Um groussen Abschied ware vill Enseignanten aus de Schoule vu Woltz präsent fir di zwou Dammen an hir verdéngte Pensioun ze schécken. Iech zwee vun dëser Plaz aus eng flott, interessant a laang Pensioun!