Change Edition

Maison Relais Reenert Wooltz - Don

D´Kanner aus dem Holzatelier „Holzwierm a Steebäisser“ vun der Maison Relais Reenert zu Wooltz hunn och an dësem Schouljoer nees ee Chrëschtmaart an een Ouschtermaaart gemaach, op deene si hir Saache verkaaft hunn.

Si hunn dëst Joer net nëmmen hir Giedelchen an Äthiopien mat 365 Euro an d´Organisatioun „Blessed Home“ am Ghana mat 250 Euro ënnerstëtzt, mee och nach eng Initiativ zu Wooltz.

Sou konnte si lescht Woch houfreg ee Scheck iwwer 250 Euro un 2 Vertriederinne vun „Iessbar Stad“ iwwerreechen.

Dës Biergerinitiativ realiséiert am Moment de Projet „gemeinsam Gäert“, bei deem et ëm nohalteg Produktioun vun Uebst a Geméis geet an dat mat der Ënnerstëtzung an der Mataarbecht vun all interesséiertem Bierger. Déi éischt Hochbeeter si scho gebaut a beplanzt. D´Kanner aus de Maison Relaisen dierfe bei der Aktioun och matmaachen an een eegent Beet beplanzen.

Vun engem Deel vun deene Suen, déi mir gespend hunn, keeft d´Initiativ fir d´Kanner aus der Maison Relais Reenert Uebstbeem, déi d´Kanner aussichen duerften (u.a. Kiischtebeem) a planzt déi zesumme mat de Kanner am Hierscht 2021.