Change Edition

ENG PROFESSIONELLE BITZMASCHINN FIR ENG IRAKISCH FLÜCHTLINGSFAMILL

IWERREECHUNG VUN ENGER PROFESSIONELLER BITZMASCHINN UN ENG FLÜCHTLINGSFAMILL VU WOLZ


Wärend der Phase vum Confinement vun der sanitärer Krise huet d'Pompelspäicherwierk zou Veianen mat enger Minimalbesetzung funktionéiert. Fir datt d'Société Electrique de l'Our hir Aktivitéiten am Deconfinement erëm konnt ophuelen, hu missen Masken hier, déi zou deem Zäitpunkt ee raren Artikel waren. D'Madamm Georgie Faber, déi sech an der Covid Zäit em d'Logistik gekëmmert huet, huet sech un d'Madamm Gaby Heger, fréier Buergermeeschtesch vu Veianen adresséiert, déi sech zesumme mat enger Irakischer Flüchtlingsfamill vu Wolz ëm d’Bitzen vun Dausende Masken beméit huet fir der akuter Pénurie souwuel an Altersheimer, wéi bäi den Doktoren, Véterinairen, sozialen Ariichtungen a Firmen entgéint ze wierken. Bannen e puer Deeg huet d’Famill Al Hashimi der SEO 300 sanitär Masken gebutt.

Fir der Famill Merci ze soen an hinnen een Neistart an eng besser Zukunft ze erméiglechen, huet den Här Luc Reinig, Directeur d'exploitation bäi der SEO, hinnen eng fuschnei Bitzmaschinn iwwerreecht.


Luc Reinig Directeur d’exploitation, SEO, Vianden