Change Edition

Den Dicks ass zréck zu Woltz

16
Mar
2019
24 Mar

Hien ass a bleift de beschten a bekannteste lëtzebuerger Lidder an Operettekomponist: den Dicks. "De Scholdschäin", "D`Mumm Séiss", "Op der Juegd", "D'Kirmesgäscht" an nach aner Musikstheaterstécker goufen an de leschte Joerzingten zu Woltz opgefouert. Fir de 40. Anniversaire vun den Theateropféierungen ze feieren, ginn "Dicksereien", ee Koméidistéck an 2 Deeler, aus dem Dicks sénge bekanntste Stécker vum Norbert Weber zesummegesat, gespillt. "D'Dicksereien" sinn als eng Aart Résumé vum Edmond de la Fontaine séngen Theaterstécker a sénger Musik unzegsinn: Eng Aart Dicks-Festival.

D'Chorale Woltz spillt am Festsall vun der Reenertschoul, samsdes de 16. Mäerz an den 23. Mäerz um 20 Auer, a sonndes de 17. Mäerz an de 24. Mäerz um 15 Auer. Reservéiert Plaze iwwer Telefon 95 89 72.