Change Edition

Scheckiwwerréchung vun Prowin un "Rokku Mi Rokka"

Prowin International huet an Zesummenarbecht mat hiren Vertriebspartner eng Spendenaktioun an d'Liewen geruff, andem sie Sweethearts (Botzdicher an Herzform) verkaft hunn.

Pro 250 verkaften Dicher kruten sie 1000 Euro aus der Prowin Stëftung, fir een Projet no hirer Wiel ze ënnerstëtzen.

D'Pascale Bingen huet zesummen mat sengem Team hei zu Lëtzebuerg 750 der Sweethearts verkaft, an sou een Spendescheck vun 2000 Euro an een zweeten vun 1000 Euro un d'Asbl "Rokku Mi Rokka" kënnen iwwerréchen, woubäi d'Organisatioun sech intensif ëm behënnert Kanner am Senegal këmmert.