Change Edition

Kommiounsfeier am Zelt um Séi zu Wäiswampich

Am festlich dékoréierte Zelt um Séi zu Wäiswampich hann vira kuerzem 43 Kanner aus der Por Ëlwen/Wäiswampich Saint-François zesamen mat hirer Famill, Frënn a Bekannten déi éischt helleg Kommioun empfong. Dëss Feier ass wéinst de restriktiven Virschrëften um Weekend op zwee verschiddenen Deeg afgehal gien.

Aus dem Pastoralteam van der Por hann de Michel Meyer, d'Ingrid Scholzen an d'Mariette Braquet di aussergewéinlich Feier organiséiert an afgehal.

Fir den musikalischen Deel hat de Kannerchouer ADESSO gesuarrigt, ënnert der Leedung an op der Uergel vam Ferdi Kreins, mat der Ënnerstëtzung op der Guitar de Patrick Thomas.

Um Enn kruch "d'Joffer Mariette" nach Merci gesot fir 29 Joer Dingscht als Katechetin. Jonk an Al hann hir eng schéin Pensioun gewënscht.