Change Edition

Sie hu fir afrikanesch Kanner gesammelt

E Méindeg, den 3. Januar 2011, hun d’Firmlingen vum Parverband Weimeschkiirch-Beggen un enger Konferenz vu Bridderlech Deelen deelgeholl an an deem Kader déi ronn 700 Euro, déi se duerch hir Stärenaktioun an alle Kiirchen vun der Por während der Chrëschtzait gesammelt haaten, iwwerreecht. Den Don as bestëmmt fir d'Maison SHALOM am Burundi déi vun der Madame Maggy Barankitse 1993 opgebaut gouf fir Kanner, déi am Alter tëschent 8 an 15 Joer als Zaldoten agezu goufen, an fir hinnen domadder eng Chance ze gin erëm an en normalt Liewen zeréck ze kommen. Alle Firmlingen déi sech fir dës gudd Saach agesaat hun Villmols Merci !