Change Edition

Jéinesch-Soirée zu Weimeschkierch


Den Oliver Kayser, vu jéinescher Ofstamung a Museker vum Lompekréimergrupp, informéiert am Kader vun enger Jéinesch-Soirée iwwert d'Kultur vun de Jéiner an den Zigeiner. D'Kanner aus dem Kannernascht spillen e kuerzt Théaterstéck iwwert d'Jéiner.

De Roger Medernach vu Net-TV weist Filmer zum Thema Jéiner mat Gedichter, Gespréicher a Gesank a jéinescher Sprooch mat der Präsenz vum Änder Bausch a Pir Liébaert. D'Lompekréimergrupp suergt fir de musikaleschen Deel. D'Jéinesch-Soirée ass e Freideg, den 13. Mee, um 20 Auer am Sall vum Centre am Duerf zu Weimeschkierch. Aus Organisatiounsgrënn soll ee seng Presenz op der Telefonsnummer 43 58 31 oder per E-Mail pitludwig@internet.lu matdeelen.

E Samschdeg, de 14. Mee, weit den SI de „Circuit de l'ancienne commune d'Eich – Le berceau de l'Industrie sidérurgique luxembourgeoise“ an, dee si zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO realiséiert hunn. De Flyer mat der Beschreiwung an der Kaart vum Wee fënnt een an dräi Sproochen am „Luxembourg City Tourist Office“. Den Départ ass um 15 Auer op der Dummeldenger Gare.