Change Edition

De Lions Club Mameranus am Déngscht vun der Kultur zu Lëtzebuerg

De Lions Club Mameranus, beschtens bekannt duerch säin zënter 1990 organiséierten Bichermaart um Weekend vun der Stater Braderie ënnert dem Impuls vun sengem Grënner Michel Reuland, bleift doriwwer eraus och weider der Kultur verbonnen. Dëst net zu Lescht duerch seng aktiv Memberen wéi en Henri Losch, Lëtzebuerger Schrëftsteller, Acteur an Erzieler oder och nach e Pierre Kremer an e Guy Goethals déi des Ëfteren hiert musikalescht Kënnen bei verschiddenen Concerten an den Déngscht vun der gudder Saach stellen.

Sou ass et net verwonnerlech dass den aktuellen President Nick Bill fir seng Mandatszäit och eng weider kulturell Manifestatioun op seng Agenda geschriwwen huet.

Den 6. November hat de Lions Club Mameranus an de Sang & Klang Pafendall op e Concert mat den Cojellico’s Jangen invitéiert. Mat Frack a Brillantine sangen an arrangéieren d'Jangen Lëtzebuerger 'Schlager' am Stil vun de Comedian Harmonists. An och hei ass e Member vum Club an der Persoun vum Arend Herold, Secrétaire vun der Commission sociale, ënnert de Sänger als Tenor ze fannen.

An engem 1. Deel hunn d'Jangen gären a ganz vill d'Damme besongen, ouni awer och d’Männerwelt an hir Problemer ze vergiessen. Hei waren Stecker wéi "De Champion an der Box", "De Roosnewupp vum Foussballclub" souwéi "Konfetti", dem "Finny seng Box" oder nach de "Misch" dee stacksat Heem tierkelt an dobäi d'Bekanntschaft mat enger (frësch lackéierter) Lanter mécht, ze héieren. E besënnlech-historeschen Deel, deen tëscht de Weltkricher spillt gouf dunn zerwéiert, iert den 1. Deel ofgeschloss gouf wéi en ugefaangen hat, an zwar mat zwou Dammen: d'”Triny”, wat ni genuch kréie kann, an d'”Veronika”.

Am 2. Deel no der Paus gouf d’Publikum mat de groussen Jangen-Klassiker wéi dem “Kanéileliss vu Weier”, dem Wirsch seng Wueden”, dem “Manyla” a bosseg Geschichten wéi "De Bumski an ech" an "O bleif bei mir" begeeschtert. An zum Schluss, passend zum aktuellen Lëtzebuerger Kinosfilm “ Superjhemp Retörns”, de "Kachkéis".

Och den éischte Bis hat e gewëssen Ulass vun Aktualitéit, wéi de “Jangli” mol nees den Houwald erop gefuer ass. Zu gudder Lescht gouf mam "Cojellico's Jang" d’Geheimnis gelëft, wéi d’Jangen hire komeschen Numm kruten.

Den Erléis vun deem ganz gelongenen Owend koum der Commission sociale zu gutt, mat deene Gelder de Lions Club Mameranus seng sozial Projeten finanzéiert.