Change Edition

Grousse Succès fir de Walfer Theaterfrënn hiert Stéck.

D’Walfer Theaterfrënn haten e groussen Succès mat hirem Krimi “ Ee Fall fir d’Gréitchen ” dee si zu Walfer an zu Steesel opgefouert hunn. Nobäi 400 Leit hunn bei deenen véier Opféierungen dat flott an dynamescht Stéck kënnen appréciéieren an si hunn d’Acteuren mat vill Applaus belount.

Theaterfrënn vu Walfer ginn säit zwee Joer nei Weeër andeems se hier Stécker selwer iwwersetzen a bidden domat hirem Publikum eng éischt Opféierung a lëtzebuerger Sproch un. Dëst féiert sécherlech och zum Succès bäi.

No enger klenger Erhuelungspaus ginn dann, no der grousser Vakanz, d’Preparatiounen fir dat nächst Joer un. Enn Januar 2014 stinn si dann erëm op der Bühn.