Change Edition

De BMW Auto Club Lëtzebuerg ënnerstëtzt " Een Häerz fir kriibskrank Kanner "

De 7ten Dezember 2019 huet de BMW Auto Club Lëtzebuerg op sengem Joresofschlossiessen e Scheck an Héicht vun 2000.- € un d'Madamm Marie-Marthe Bruck vun der asbl "Eeen Häerz fir kriibskrank Kanner" iwwerreecht. D'Madamm Bruck huet am Numm vun de kriibskranke Kanner an hiren Eltere Merci gesoot an sie huet iwwer d'Aarbecht vun der Associatioun informéiert.