Change Edition

D’Kandidaten vun der DP Walfer am Detail

Léif Wielerinnen, léif Wieler,
Ech hunn de grousse Plëséier Iech meng Equipe fir d’Gemengewalen vum 9. Oktober 2011 firzestellen.
D’Kandidaten vun der DP caractériséieren sech duerch hir Kompetenz, hiren Engagement an hir Proximitéit zu de Bierger.
Ech sinn iwwerzeecht, dass dës Equipe eng Äntwert op all Är Froen wat d’Gemengepolitik ugeet huet. Mat hinnen hunn ech en ambitiéise, mä och realistesche Programm ausgeschafft, dee mir Iech an deene nächste Woche wäerte firstellen.
Haut bieden ech Iech, Iech e bëssi Zäit ze huelen fir d‘Kandidaten vun der DP fir d’éischt mol kennen ze léieren.
Perséinlech, ginn ech Iech elo schons Rendez-vous den 9. Oktober an ech sinn iwwerzeecht, dass Är Wal deen Dag responsabel a sënnvoll wäert sinn.

Guy ARENDT