Change Edition

Gaarde-Party Chorale Ste-Cécile Walferdange

29
Jun
2019
29 Jun 30 Jun

D'Chorale Ste-Cécile Walferdange invitéiert Iech all op hir Gaarde-Party an de Centre Prince Henri zu Walfer.

Samschdeg 29.6.2019 vun 18 :00 bis 23 :00 Auer a Sonndeg 30.6.2019 vun 11 :30 bis 19 :00 Auer, no der Houmass um 10 :30 Auer, gesonge vun der Chorale Ste-Cécile Weiler/Haassel.

Gebuede ginn : eng flott Ambiance, Gehäerztes vum Grill, Fritten an Zalot an di beléiften « Assiette Gaarde-Party ».

Un di séiss Saachen ass och geduecht an duuschtereg soll bestëmmt keen heem goen. Donieft gëtt et eng Tombola a schéi Präisser ze gewannen.