Change Edition

En Don fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner vun der Amicale « Am Kiischtenascht »

Am Kader vum Projet „Konscht“, déi d’Maison Relais an der Summervakanz organiséiert huet, huet d’Amicale „Am Kiischtenascht“ d’Awunner aus der Gemeng Waldbriedemes op e Billerverkaaf invitéiert. Bei dësem Verkaf hu mir 700 Euro zesummekrut, déi mir integral un d’Fondatioun kriibskrank Kanner gespent hunn. De 17. Oktober hu mir dunn de Chèque offiziell iwwerreecht.