Change Edition

Klassentreffen vun deen Joergäng 1927-1954 zu Wuelessen .


Kierzlech haaten déi fréier Schoulkomoroden vu Wuelessen sech an hirem Heemechtsduerf zesummefonnt. Meedercher a Jongen aus de Joergäng 1927 bis 1954, hirer 33 waaren der Aluedung vum Jos Nosbusch an Armand Serres nokomm. No enger Mass fir déi Verstuerwen Schoulkomoroden, déi den Här Gillen, Dechen vu Veianen, zelebréiert huet, a vun den Wuelesser an Eesber Sänger gesanglech begleet gouf, sin mir  ob deen tratitionellen Éirewäin, dee vun der Gemeng ofréiert ginn ass, am Kulturzentrum "A Meesch" gären nokomm. Bei engem gudde Patt huet de Jos Nosbusch an den Här Romain Wester ons härzlech begréisst, an mat ons iwer historesch an och aktuell Themen geschwaat. Bei engem gudden Maufel an der Éislecker Stuff, hu mir dessen Dag mat schéinen an manner schéinen Errënerungen ausklénken gelooss. Photo.Marnach Marie-Paule