Change Edition

Kanner- Musical: 1000 Faarwen huet eis Welt

1 000 Faarwen huet eis Welt

Kanner- Musical aus den Zyklen 1 bis 4 an aus der Maison Relais

Viichten: D’Kanner vu Viichten aus den Zyklen 1 bis 4 an Zesummenarbecht mat der Maison Relais haten op hiren Kanner- Musical mam Thema 1000 Farwen huet eis Welt- d’Welt von den Egaloen“ an d’Sportshal invitéiert. Zieler vun desem Projet waren: Entfaltung der Perséinlichkeet, Förderung vun der Kreativitéit, Förderung vun der kënstlerischer Ausdrockfähigkeet, Stärkung vun der sozialer Kompetenz an Participatioun vun de Kanner. Beschréiwung: D’Egalos sin übel Gestalten. Si hun bal all Farwen op deser Welt geklaut.: Alles ass egal, alles soll gro gin an nit méi farweg sin. Di zwéin Clowns Vario an Colorida wëllen di Farwen nees zerëck huelen- an dat machen sie, an dems sie zu de Kanner vun alle Kontinenten reesen. An Afrika fannen sie Giel, a Südamerika dat Gringt, an Asien dat Rout, an Australien dat Blot an zesummen mat alle Kanner leeen si den Egalos dat Handwierk. An d’Welt ass nees farweg gin. Am Musical sin Lidder aus den verschiddenen Aerddeeler gesonge an ausgefuert gin. Am Schlusslidd huet et geheecht: Mir brauchen Faarwen , fir ze liichten an dat Roud, Giel a Blo. Mir brauchen keng Enheetsfarwen- Also ëmmer schéin farweg bléiwen. (FOTOEN: CHAREL REISER)