Change Edition

E Selfie mam Kleeschen

Traditionell wor och dëst Joer um Ännersmaart de Kleeschen mat sengem schwaarze Gesell zu Ëlwen um Kiosk op Besuch, fir all de brave Kanner eng gudd gefëllten Titchen ze iwwerreechen.

A fir dëss Gelegenheet als eng schéin Kandheetserënnerung ze behaalen, gouf sou munch Foto mam Kleeschen gemaat, oder mol einfach e Selfie.

D'Ëlwenter Musik hat dobäi fir de musikalischen Encadrement, an déi lokal Veräiner hann fir Eessen an Dranken gesuarrigt.

Am Kader vam Télévie-Optakt gouf symbolisch d'Bändchen durrichgeschnidden.

Doniewend woren och eng grouss Auswiel a flotte Kadosideeën am Centre Culturel ausgestallt.