Change Edition

Eng grouss Entwécklung fir de Vëlo am Weste vum Land

Virun e puer Joer huet d'Regioun LEADER Lëtzebuerg West an de Réidener Kanton sech dem Vëlossecteur ugeholl, an den Inventaire vun all de Weeër, déi mam Vëlo befuer kënne ginn, gemaach.


2016 eng regional Vëlosbeschëlderung an Zesummenaarbescht mat de Gemengen, mat Ponts & Chaussées an dem Mobilitéitsministère, am ganze Weste vum Land opgeriicht ginn .


Parallèl zu der Ausschëlderung vun de regionale a lokale Weeëer sinn och touristesch Tier ausgeschafft ginn an beschëldert ginn.


Den éischten Tour - Wisen West Tour genannt - geet iwwert eng Distanz vu 36 km. Op sengem Tracé leien de Jhanglismusée a fräier Natur zu Nidderpallen, de Schifermusée zu Uewer-Maartel, d'Millen zu Biekerech, an d'Kierch an de Musée Thillenvogtei zu Randschelt. Dësen Tour mat héijem Schwieregkeetsgrad féiert iwwer kleng goudronnéiert Weeër an iwwer Pied, mä och iwwert e Stéck vum nationale Vëloswee PC17, dee Réiden un der Atert mat Ueschdref verbënnt. Dëse Wee, dee kräiz a quier iwwert d'Felder geet, offréiert eng fantastesch Aussiicht iwwer d'Natur an déi charmant Dierfer vun der Géigend. Dëse Circuit kann a béid Direktioune gefuer ginn, mä en ass manner ustrengend an d'Richtung, wéi d'Auer dréint.


Den zweeten Tour - Dällchen West Tour genannt - geet iwwert eng Distanz vu 24 km. Op sengem Tracé leien de Musée Michel Lucius zu Rëmerech, d'Useldenger Schlass an déi réimesch Mosaik virun der Gemeng vu Viichten. Ee Stéck vun dëser Streck mat héijem Schwieregkeetsgrad féiert iwwert de nationale Vëloswee PC12, deen dësen Tour mam Wisen West Tour verbënnt an en Zougang op d'Garë vu Colmer-Bierg a Klengbetten bitt. Dës Streck féiert virun allem iwwert kleng hiwweleg an och emol onstabiliséiert Stroossen, an offréiert de Vëlosfuerer eng wonnerschéin Aussiicht iwwert d'Regioun.


Den drëtten Tour – Jhangeli West Tour, ass en einfachen Tour deen ideal fir Famillen ass.

Iwwert 11 km, entdeckt dir d’Naturlandschaften ronderëm Beckerich wéi och déi al Eisebunnstreck. Zu Näerden kënnt Dir eng kleng Paus machen an dee klenge charmante Musee “Näerdener Gare” entdecken, wou al Objeten aus der lëtzebuerger Eisebunngeschicht ausgestalt sinn. Zu Nidderpallen kënnt dir och e Stopp beim ale Perounewon machen, d’Kanner waerten sech amüséieren!

Well dës dräi Toure keen Ausgangspunkt hunn, ass et de Vëlosfuerer iwwerlooss, op wéi enger Plaz se d’Circuite wëllen ufänken.


Op der Kaart vun de Vëlosweeër sinn nach weider zwee Tier agedroen.

Le sud de la région, dëse Rondwee vu 24 km geet iwwer Mamer, Holzem, Garnech, Koler, d’PC12 an d’PC13, an dann erëm iwwer Mamer. En huet e gerénge bis mëttlere Schwieregkeetsgrad an exploréiert de Süde vun der Regioun Lëtzebuerg West. Dësen Tour, deen aus Felder- a Bëschlandschafte besteet, kann ëm 19 km verlängert ginn iwwer Héiweng, éier et op d’PC12 geet.


Les alentours du château de Koerich, ass e Rondwee vunn 26 km mat engem mëttlere bis héijem Schwieregkeetsgrad. Dësen Tour léist iech d’Emgégung vu Käerch entdecken, andeems en iwwert Giewel (réimesch Villa), Nouspelt (typesch ländlecht Duerf) an dann iwwert de PC 14 op Mamer féiert. Vun do aus geet et iwwert PC 13 op Garnech, weider op Stengefort (alt Industrieduerf).Zwëschen Stengefort a Käerch fiert een iwwert e Feldwee deen am Ree schlecht befuerbar ass.

Parallel zur Vëlosbeschëlderung, déi opgeriicht ginn ass an der Kaart, déi ausgeschafft gouf, sinn och Opluedstatiounen fir elektresch Vëloen installéiert ginn


- Biereng/Miersch, Hotel Martha

- Huelmes, Jugendherberg

- Simmer, Camping Simmerschmelz

- Miersch, Park a Schwämm Krounebierg

- Useldeng, Info-Point


Am Fall wou dir ouni Kaart ënnerwee sidd, fannt dir och Infoschëlter wou dir Iech kënnt an der Regioun orientéieren an all néideg Infoen zum Thema Vëlo kënnt fannen.

Dëse Projet an déi, déi sech dorausser erginn, sollen déi duuss Mobilitéit verbesseren an de Vëlostourismus fërderen duerch d’Bereetstelle vu strukturéierten a securiséierte Circuiten, adaptéierte Servicer an aktualiséiertem Informatiounsmaterial.


Mir wënschen Ich vill Spaass beim pedaléieren!



D’Vëloskaart a weider Informatiounen kritt dir beim :

LEADER-Büro Lëtzebuerg West

T: 26 61 06 80

E: lw@leader.lu