Change Edition

GALACONCERT vun der Baastenduerfer Musik zu Tandel

20
May
2017
20 May

Heimat invitéieren mir Iech ganz häerzlich op eisen GALACONCERT 2017, deen mir den 20. Mee ëm 19.30 Auer am grousse Sall vum Schoulcampus am Brill zu Tandel spillen.

Ënnert dem Thema „Viva la Musica … Welcome to Brazil“ an ënnert der Leedung vun eisem Dirigent Axel Rosengarten presentéiere mir ë flotte Programm mat südamerikalische Kläng. Ofgerënt duerch de Gesang vum Sarah Scheuer an Henri Schammel an d’Matwierken vum Joe Pott op der Guitar, hoffe mir mat Iech ën ofweeslungsräichen Owend verbrengen ze dierfen.


An der Hoffnung Iech bei éis begréissen ze kënnen, verbleiwen mat musikaliche Gréiss

D´Baastenduerfer Musik