Change Edition

Mam Klapprad den Col de Stelvio erop fir Fondatioun Kriibskank Kanner

De Luc Mergen hat sech een Challenge gesat fir mam Klapprad de Mont Ventoux erop ze fueren, mee dat ass him net duer gaangen an hien huet sech geduergt firwat net nach de Col de Stelvio ze fueren. Déi gréissten Erausfuerderung wor et sech selwer ze Iwwerwannen an iwwer Grenzen ewech ze goen an dat alles fir ee gudden Zweck. De Luc Mergen konnt mat groussem Stolz der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck an Héicht vun 3035.-€ iwwerreechen. Hien spent dat Geld fir Kanner aus der Fondatioun déi een Voyage thérapeutique an Laponie maachen, wou sie och mussen iwwert hier Grenzen eraus wuessen.