Change Edition

ACFL Sektioun Käerch spenden 3000.-€ fir Recherche Lëtz Go Gold

ACFL Fraen a Mamme Sektioun Käerch hunn dëst Joer sech als Ziel gesat fir Recherche vum Kannerkriibs ze spenden. Sie hunn de Laf vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner Lëtz Go Gold eraus gesicht wëll do 3 Projeten an der Recherche ënnerstëtzt ginn. D'Fraen a Mamme Sektioun Käerch hunn sech et net huele gelooss fir op d' Fondatioun ze kommen an ee Scheck an Héicht vun 3000.-€ ze iwwerreechen.