Change Edition

„Erausgepickt an ënnert d’Lupp geholl“

De Recyclingscenter bei der Mëllerefer Bréck ass net déi ideal Platz. Wéi gesäit d’CSV dat?

L’emplacement actuel du centre de recyclage n’est pas idéale. Qu’en pense le CSV?

Mir wëssen all, dass mir eis Ëmwelt schoune mussen an manner Ressourcë verbrauchen dierfen. Et heescht deemno: manner Dreck an Offall produzéieren. Wat bezuele vun dem Offall ubelangt ass d’CSV der décidéierter Meenung, dass de Prinzip vum „pollueur-payeur“ ugewannt muss ginn.
De Recyclingscenter bei der Mëllerefer Bréck ass net méi zäitgeméiss notamment wa vill Leit zur gläicher Zäit ofliwwere wëllen. D’CSV hat schon viru Joere verlaangt, dass hei eng besser Verkéiersféierung duerchgeféiert sollt ginn. Mir koumen domat awer net duerch. Doropshin huet si virgeschloen, de Recyclingscenter no bei der „Régie communale“ an der Industriezonen anzeriichten. Och de Virschlag ass net zeréckbehale ginn. Dunn huet d’LSAP-Majoritéit matgedeelt, dass mat der Walfer Gemenge zesummen e Recyclingscenter no bei der „CREOS“ zu Heeschdref an d’Wise gebaut sollt ginn. D’CSV war doriwwer net frou, mä huet awer agesinn, dass eppes ënnerholl muss ginn an huet déi Iddi och matgedroen.
Erstaunlech, elo gëtt matgedeelt, dass de Recyclingscenter awer net mat der Walfer Gemeng gebaut gëtt – dee gëtt an der Industriezonen opgeriicht.
D’CSV setzt sech an, dass de neie Recyclingscenter och eng pädagogesch Vocatioun nom Typ vu Jonglënster kritt, esou dass déi Leit, déi hiren Offall dohinner bréngen, all Informatiounen zu hirem Offall kréien. Esou sollen si derfir sensibiliséiert ginn, hiren Offall nach besser ze triéieren an och wëssen, wat mat dem Offall geschitt.
Notamment eis Schoulkanner sollen hei fréi mat agebonne ginn an opmierksam gemat ginn. Si sinn jo och Consommateur an domat Produzent vun Offall.

Nous savons tous qu’il faut protéger notre environnement et agir de manière plus responsable dans notre consommation d’énergie. Pour ce qui est du coût des déchets, nous défendons le principe du „pollueur payeur“.
Le centre de recyclage de la commune de Steinsel est devenu beaucoup trop petit pour une commune qui compte plus de 4800 habitants et sa localisation au coeur du village est loin d’être idéale. Voilà pourquoi le CSV revendique depuis un certain temps sa relocalisation au sein de la zone industrielle près de la régie communale. Dans un premier temps, la majorité n’a pas voulu considérer cette requête. Ensuite elle a fait savoir qu’elle envisageait d’ériger un nouveau centre de recyclage à Heisdorf près du site de l’entreprise CREOS et ceci en collaboration avec la commune de Walferdange. Le CSV, auquel cette solution ne plaisait guère, a finalement donné son aval parce qu’elle juge la situation actuelle intenable.Fait étonnant est que finalement cette solution n’a pas été retenue et qu’on projette dorénavant de l’établir à l’endroit initialement proposé par le CSV.
Le CSV exige que le nouveau centre de recyclage aura une vocation pédagogique, semblable à celui de Junglinster. En effet, ici les gens amenant leur déchets reçoivent des renseignements sur ces derniers. Le but en est d’encourager les gens à recycler mieux et de les rendre plus conscients sur ce qui se passe avec leurs déchets. Un autre enjeu serait de sensibilier les jeunses gens au recyclage