Change Edition

Grandiosen Ofschloss vun 700 Joer Mäertes Kierch Simmer.

Den 11 November um Dag vum hellege Martin huet Simmer den Ofschloss vun den 700 Joer Märtes Kierch gefeiert, mat enger Mass déi gehalen ginn ass vum fréieren Äerzbëschof dem Monseigneur Fernand Franck. Um Ofschloss vun dëser Mass sot den Här Paschtouer Joël Santer dem Organisatiounscomité, den Gemengen Autoritéiten an den kierchlechen Autoritéiten Merci. Besonnesch ervir gehuewen huet hien awer den Simmer Gesank mat hirem Dirigent an Organist dem Här Roger Ries déi während dem ganzen Joer Massen mat hirem Gesank verschéinert hunn. Et ass ervir ze hiewen dass den Här Roger Ries Kréinungsmass vum Mozart mat Erfolleg dirigéiert huet. Den Här Paschtouer war der Meenung dass Simmer Chorale schonns virum Fest vun der helleger Sainte Cécile e kräftegen Applaus verdéngt hätt. Ofschléissend sief bemierkt dass déi Simmer Kierch déi ënner Denkmalschutz steet eis an der Zukunft erhalen bleift.