Change Edition

Vu Paangecher, Ribben a lächerleche Wënsch

Viru kuerzem war d‘Yvette Moris, pensionnéiert Aarbechtskollegin a Kannerbuchautorin op Besuch an der Schoul zu Minsbech fir aus sengem neie Buch „Märercher fir dranzebäissen“ virzeliesen. Mat grousser Freed huet hatt d’Kanner aus dem Cycle 2 mat an d’Welt vun de Märercher entfouert. Ob elo beim „Paangech, dee fortgelaf war“, an enger neier Versioun erzielt, „de Bauer an de Bier“, e Mäerchen aus Russland oder „Lächerlech Wënsch“, dat bekannte Mäerche vum Charles Perrault; bei all dëse Geschichten hunn d’Kanner mat Begeeschterung nogelauschtert a kruten dat passend Kachrezept proposéiert. Lauschteren, Dreemen, Kucken, Froe stellen: aus enger Schoulstonn war eng wonnerbar Mäerchestonn enstan.An dësem intressante Kannerbuch, gi vill bekannte Märercher nei erzielt an all Kéiers mat engem flotte Rezept kombinéiert, wat Loscht mécht auszeprobéieren, ebe fir dranzebäissen!J.M.