Change Edition

Nuit du sport 2021 an der Schëtter Gemeng

E Samschdeg de 5. Juni war et endlech nees sou wäit. Nodeems d‘Editioun 2020 Covid- bedéngt huet missen annuléiert ginn, huet d’Schëtter Jugendhaus, zesumme mat de Servicer vun der Gemeng, fir dëst Joer schonn fréi ugefaangen fir di 3. Editioun vun der Nuit du Sport zu Schëtter ze plangen.

Schlussendlech war e flotten Nomëtteg mat ville verschiddene Sportaarten a villen zefriddene Sportler méiglech. 327 Leit haten sech fir déi verschidden Sportaarten um Campus an der Dällt Rendezvous ginn (198 Jonker an 129 Erwuessener).

Sou stounge fir dës Editioun Urban Golf, Badminton, Tennis, Petanque, Zumba a Wirbelsailgymnastik, Muai Thai, Kali, Shootwrestling a Grappling um Programm.

Mir wëllen op dësem Wee de Veräiner an hire Benevollen, der Equipe vum Schëtter Jugendhaus an der Jugendkommissioun, Merci fir hiren Engagement soen, an freeën eis schonn op d‘Editioun 2022.