Change Edition

Scheckiwwerreechung Handicap International

De Moien, hunn d'Kanner aus der Schuller Schoul, zesummen mat de schoul- a Gemengeresponsabelen, der ONG "Handicap International" e Scheck vu 14.500 euros iwwerreecht. D'Zomme ass vun de Kanner aus dem Schuller Enseignement fondamental am Juni wärend dem "Charity Run" gesammelt ginn.

Déi Suen wäerten et 10 Kanner aus dem Kambodscha erméiglechen an d'Schoul ze goen.

E grousse Merci un d'Kanner fir hir Efforten an un alleguerten déi déi un dëse flotten humanitäre Projet deel geholl hunn.