Change Edition

Fall vun Déierequälerei zu Schous

Zu Schous (Fëschbech) goufen an deenen leschten Deeg zwou Kazen duerch Kugelen vun engem Loftgewier blesséiert.

Eng Kaz hat Chance, aus hir konnt eng Kugel erausgeholl ginn.

Déi zweet Kaz hat dräi Aschosslächer woubäi eng Kugel an der Broscht bliwwen ass an net méi erausgeholl konnt ginn well d'Gefor vun engem Pneumothorax besteet.

Déi zwou Kazen goufen aus miserabelen Zoustänn gerett fir op een bessert Liewen bei hiren neien Besëtzer ze hoffen mee leider ginn et och do an der Géigend (krank) Mënschen oder een (kranke) Mënsch deen et op sie ofgesinn huet. Et gouf eng Plainte bei der Police gemaach.

Et bleift just ze hoffen datt nie een Kand zoufälleg an der Schosslinn vun sou engen Psychopat steet.

De Kazen eng gutt Besserung.