Change Edition

Schëfflenger Fest - wat e Fest!

Déi entretemps scho 16. Editioun vum Schëfflenger Fest huet freides, den 20. a samschdes den 21. Juni 2019 ville Leit eng super Stëmmung, flott Musek an ee flotten ofwiesslungsräiche Programm gebueden.


No enger klenger Eröffnung freides owes ass et bei guddem a virun allem sonnege Wieder weidergaang mat Optrëtter vun der Schëfflenger Musek, Go By Brooks, Dream Catcher an Timeless.


Samschdes mëttes hu Virféierunge vun de Schëfflenger Veräiner d’Leit bei engem Wupp an engem Patt gutt ënnerhalen. Am fréien Owend hu sech d’Veräiner nom feierlechen Te Deum op de Wee gemaach fir um Cortège deelzehuelen, ier et dann zum offiziellen Deel iwwergaang ass. Duerno hu Conerte vun « Les Böf’s », Heavy Petrol a Sylvander fir d’Stëmmung gesuergt. Kuerz no 23.00 Auer hat en hëtzege Feierspektakel Schëffleng verzaubert.


Déi zwee Deeg konnte vill Schëfflenger an Net-Schëfflenger zesumme feieren an dat gutt Wieder genéissen. Fir d’Iessen an d’Gedrénks gouf vun insgesamt 17 Schëfflenger Veräiner gesuergt. Hinnen awer och dem Schäfferot, der Kulturkommissioun an de concernéierte Gemengeservicer drécke mer e grousse Merci fir hiert Engagement an enthousiastesch Kollaboratioun aus!