Change Edition

D’Kommiounskanner ënnerstëtzen den Sozialprojet vun der Par

PAR MONNERECH-SCHËFFLENG-STEEBRÉCKEN NOTRE-DAME-DE-L’ÉVANGILE

D’Kommiounskanner ënnerstëtzen den Sozialprojet vun der Par.

Dëst Joer hunn am Kader vun hirer Kommunioun d‘Kommiounskanner aus dem Par Monnerech-Schëffleng-Steebrecken „Notre-Dame-de-l‘Evangile“ Suen zu Gonschte vum Sozialprojet Sumedco gesammelt. Sumedco ass eng Hëllefsorganisatioun an der Republik Kongo déi medezineschen an technesche Support bereet stellt an déi säit Jore vun eiser Par gestäipt gëtt. D‘Sue sinn zesummekomm duerch de Verkaf vu Käerzen. Wärend der Virbereedung op d‘Kommunioun ass mat de Kanner iwwert Solidaritéit an Hëllef fir Mënschen an Nout a Leed geschwat ginn. Den Don vun 1000 Euro ass eng wichteg finanziell Ënnerstëtzung fir dëse Sozialprojet.

Text G.W.