Change Edition

Ausstellung Hobbykënschtler vum 14.06.-17.06.2018

De Weekend vum 14.06. bis de 17.06.2018 huet d’Kulturkommissioun vu Schieren eng Ausstellung organiséiert, wou d’Hobbykënschtler aus der Uertschaft hir Wierker der Ëffentlechkeet konnte virstellen.


Folgend Artisten sinn dem Opruff vun der Kulturkommissioun no komm an hunn un dëser Aktioun deelgeholl:

Mme Catherine Goetzinger, Mme Marlène Kaell-Odouber, Mme Monique Ley, M. Roger Ruetze, M. Jerry Schlentz.


Mat ville Biller, Fotoen, a Metall Konscht, huet des Ausstellung vill interesséiert Leit konnten iwwerzeegen, an si war wierklech e Besuch wäert.


Fir de Vernissage e Freideg Owend de 14.06. konnt den Alfred Kayser, President vun der Kulturkommissioun dann och vill Invitéen begréissen, an de Kënschtler Merci soen, fir hier Participatioun.

Och eis Gemeng huet sech net huele gelooss an huet fir dësen Event e Patt spendéiert. Esou kann déi Schierener Kulturkommissioun op eng gegléckten Aktivitéit zréck kucken, an schonns elo däerf e mat Interessie op eng nächst Ausgab kucken an op weider Veranstaltungen gespaant sinn.


Kulturkommissioum vu Schieren.