Change Edition

"Keng Parteipolitik an der Gemeng Schengen"

En Donneschdeg Owend wor d'Generalversammlung vun der CSV Sektioun Boermereng-Kanech-Lennengen-Schengen-Stadtbriedemes-Welleschten.

De Präsident Roger Weber huet betount, dass bei den nächsten Kommunalwaalen, d'Parteipolitik keng Roll wärt spillen. "Et geet drem allen Matbierger dei sech wellen engageieren, d'Meigelechkeet gin sech opzesetzten, an dest och ouni Partei" sou den Roger Weber.

Weider Themen woren den Waasserpreis, den Office sozial an d'Gemengefusioun. Frou huet sech den Weber Roger gewisen, dass sech och vill aner Gemengen solidaresch mat den Daitschen Noperen weisen. "Et geet drem Kättenuewen direkt ofzeschalten", so den Roger Weber.

D'Ministesch Octavie Modert huet iwer d'Aktualiteit an der nationaler Politik informeiert. Uschleissend goufen verschidden Memberen fir hier lang Parteimemberschaft geéiert:

Den Joseph Claire fir 50 Joër, den Corneill Schmitz fir 35 Joër an den Arno Bellion, d'Lydie Bellion, den Norbert Risch an d'Gaby Strotz fir 30 Joër.

Nierft 22 Comitésmemberen setzt sech den Comité aus desen Leit zesummen: Präsident Roger Weber, Vize-Präsidenten: Gilles Estgen an Ben Homan; Sekretär: Gilles Wallendorf an Caissier Ernst Lohmeier. Julie Wieclawski gouf nei an den Comité opgeholl.

More news by CSV Sektioun Boermereng-Lennengen-Schengen-Stadtbriedemes-Welleschten >