Change Edition

Generalversammlung vum CSV Sektiounsverband SCHENGEN

Geschter Owend wor d'Generalversammlung vum CSV Sektiounsverband Schengen, deem Sektiounen Boermereng, Kanech-Lennengen, Stadtbriedemes, Schengen a Welleschten ugehéieren.

De Verband zielt zur Zeit 200 Memberen.

Als nei Sekretärin gouf Julie Wieclawski bestemmt.

Den Sektiounspräsident wor frou nierft de Memberen a Parteifrënn och Madame Minister Octavie Modert, den Borgemeeschter Ben Homan an den Schäffen Georges Laux begréissen ze kennen.

Am Kader vun der Generalversammlung goufen och verschidden langjähreg Parteimemberen geéiert.

Fir 25 Joër Member vun der CSV:

Jos Bellot, Jena Hentzen, Armand Thill an Marc Winckel.

Fir 30 Joër:

Jean Gerges, Josiane Hoeser-Schmit, Marcel Kail, Margot Kayer-Legill, Arnold Schartz, robert Steinmetz, Jean Strasser, Josey Thommes an Edy Zimmer.

Fir 50 Joër Member vun der CSV gouf den Nicolas Laux vun der Madame Minister Octavie Modert geéiert.

More news by CSV Sektioun Boermereng-Lennengen-Schengen-Stadtbriedemes-Welleschten >