Change Edition

90 Joer an a gudder Form

Déi fréier Léierinnen a Schoulmeeschteren vum "Boulevard" haten hiiren Kolléj Marcel Konsbrück an de Restaurant La Rameaudière op Elléng agelueden fir mat him zesummen säin 90. Gebuertsdag ze feieren.

De Marcel Konsbrück huet séng Schoulmeeschtesch Karriere zu Schengen ugefaang, huet duerno zu Uewerfeelen, Stéenem an Iechternach Schoul gehaal. Séng lèscht Statioun war an der Stad um Boulevard de la Foire an am Service de l'Enseignement wou hien dann séng wuelverdéngten Pensioun kritt huet.

Bei gudder Gesondheet genéisst hien säin Liewen elo zu Schengen wou hien no sengem Tour de Luxembourg zréckgekéiert as.