Change Edition

KONVENIAT ZU SANDWEILER

D'Sandweiler Jongen a Meedercher vun de Joergäng 1940-1949 hate sech fir déi 4. Kéier Rendez-vous ginn, fir sech am Heemechtsduerf erëm ze gesinn.

D'Buergermeeschtech d'Mme Simone Massard-Stitz an de Schäffe Jean-Paul Roeder hunn déi al Sandweiler fir den Aperitif op der Gemeng empfaangen. Duerno si bei engem gudde Maufel am Restaurant Delicious Erënnerungen a Schnoken ausgetosch ginn.