Change Edition

Club Soroptimist Mosaik Réiden iwerrecht Scheck vun 2 500 Euro


Hëllef fir Fraen a Kanner a Nout


Sëll. D’Memberen vum Club Soroptimist Mosaïk Réiden hun der Presidentin vun der „Union Soroptimist International  Luxembourg“, Maggy Berckes, e Scheck iwwerreecht vun 2500 €.

Dës Suen sinn geduecht fir de Projet 2015-2017 vun der Union Soroptimist ze ënnerstëtzen deen doranner besteet, zesummen mam Fonds Soroptimist, eng Wunneng  zu Klierf ze kafen an doduerch en Heem ze schafen fir Fraen a Kanner a Nout.

Ziel vum Soroptimismus ass et ënner anerem a virun allem Mënscherechter fir all ze fërderen a méi speziell Promotioun vun der Fra ze favoriséieren.

Duerch hir Aktiounen uechter Joer versichen Memberen vum Club Soroptimist Mosaïk hiren Beitrag dozou ze leeschten.(FOTO: CHARLES REISER) www.soroptimist.lu/clubs/mosaik